Harmonie

 

D’ Harmonie Municipale Beetebuerg ass 1877 gegrënnt ginn.

Mir sinn een Orchester fir Amateuren, déi Freed drun hunn, hiert Instrument an engem Ensembel ze spillen, mee déi awer och Loscht hunn um soziale Liewe vun engem Veräin deelzehuelen. Eisen Orchester steet ënnert der musikalescher Leedung vum Stefan Kollmann.

Mir spillen 2 grouss Concerten an der Saison, den „Fréijoersconcert” an de „Wanterconcert”, bei deene mir ee variéierte musikalesche Programm op engem gudde Niveau proposéieren. Mir hunn awer och vill aner musikalesch a manner musikalesch Optrëtter, wéi z.B. den Hämmelsmarsch, Cäciliendag, den Nikloscortège, eist alljährlecht Quetschefest oder esouguer déi eng oder aner Vakanz. Mir droen den Titel „Municipale” a verpflichten eis doduerch och dozou, op deenen offizielle Rendez-vouse vun eiser Gemeng deelzehuelen, wéi z.B. Commemoratiounsdag oder Nationalfeierdag.

Mir sinn eng Harmonie, duerfir fënnt een an eise Reien esouwuel Blechewéi och Holzblosinstrumenter an natierlech och Percussioun. Mir verléinen och Instrumenter u Schüler(innen) (Kanner an Erwuessener), déi bereet sinn, sech an eisem Veräin ze engagéieren.

D’Prouwe vun der Harmonie sinn all Donneschdeg vun 19:45 Auer bis 21.30 Auer am Musekssall an der Sportshal zu Beetebuerg. Jiddereen, ob neien, alen oder fréiere Musikant, ass häerzlech wëllkomm. Mellt Iech einfach per
Contact:   info@hmb.lu

L’Harmonie Municipale de Bettembourg a.s.b.l., fondée en 1877, est un orchestre d’amateurs. Sous la direction de son chef Stefan Kollmann, l’orchestre propose un programme musical varié.

Chaque saison est marquée par 2 grands concerts, mais notre association assure également d’autres évènements musicaux et d’autres festivités, comme p.ex. le «Hämmelsmarsch», la fête de la Ste Cécile ou le cortège de St Nicolas.
Par ailleurs, nous organisons également des manifestations d’un tout autre genre, comme p.ex. notre „Quetschefest” ou des voyages culturels à l’étranger. Vu notre titre «Harmonie Municipale», nous nous engageons également à participer aux festivités officielles de notre commune, comme p.ex. la journée de la Commémoration nationale ou la Fête Nationale.
En tant que Harmonie, notre orchestre regroupe des instruments à vents, des cuivres, et de la percussion. Nous prêtons également des instruments aux étudiant(e)s (enfants et adultes), qui sont motivés de s’engager dans notre association.
Les répétitions de l’Harmonie se tiennent dans la salle de musique du Centre Sportif à Bettembourg, tous les jeudis de 19.45 à 21.30, avis aux amateurs.